EHS EcoHomeSystems

EHS – ECO HOME SYSTEMS

EHS ass eng allgemeng Bauentreprise, spezialéisiert an Holzbautechnik an nohaltegem Bauen.

Eist Team besteet aus erfuerenen Handwierker, Bautechnikeren, Architekten an Ingenieuren.
D'administrativ Büroen, de Verkaf an d'Plangung befanne sech am lëtzebuergesche Wäiswampech.
Zënter 2012 si mir och mat engem Verkafsbüro inklusiv Ausstellungsraum ze Dikrech vertrueden.

Déi 1 500 m2 grouss Montagehal ze Bullange (Belsch), nëmmen 30 Minutte vun der Lëtzebuergesch-Belscher Grenz ewech, erméiglecht eng fachgerecht Virmontage vun den Holzstänneren. Ze Bullange befënnt sech ausserdeem e moderne Show- a Schulungsraum.

EHS bitt all Virdeeler vun enger moderner Bauentreprise:
Vun der individueller Plangung bis zur korrekter an termingerechter Ausféierung vun den Aarbechten.