EHS EcoHomeSystems

Holzstännerbau an Holzrummebau

Mat Akraafttriede vun der lëtzebuergescher Energieeffizienzveruerdnung fir Wunngebaier am Joer 2008 huet sech d'Bauweis heizuland gondleeënd verännert. Hu bis dohi virun allem Standuert, Gréisst an Architektur eng wichteg Roll gespillt, sou ass haut d'Energieeffizienz e wichtegen Deel vum Gesamtkonzept.

Passivhaiser (Klass AA) an Niedregenergiehaiser (Klass BB) reduzéieren den Energieverbrauch net nëmme bis zu 80 %, mä se ginn och vum Lëtzebuergesche Stat mat héije Primë subventionéiert. Modern Holzhaiser stelle derbäi net nëmmen eng innovativ a qualitéitsgeséchert Bauweis duer, mä sinn och besonnesch energieeffizient. Eng Energieeffizienz, déi sech souwuel an de verwennte Baustoffer (nowuessend Réistoffer wéi Holz oder Zellulos) wéi och an den gudden Dämmeegeschafte erëmspigelt

Et ass dohier net iwwerraschend, datt dës Bauweis zënter laangem an den Alpelänner an an den nordesche State verbreet ass. Sou ginn zum Beispill a Skandinavien 85 % vun allen Eefamilljenhaiser an Holzbauweis erriicht.

Och a Punkto Liewensdauer steet dës ökologesch Bauweis der traditioneller Weis an kenger Weis no.