EHS EcoHomeSystems

Neibau

EHS bitt, jee no Wonsch, déi komplett Plangung an Ausféierung vun Ärem neien Eegenheem an Holzstännerbauweis un.

Sou hutt Dir d'Méiglechkeet, mat eisen Architekten Äert Dramhaus komplett ze plangen. Derbäi gitt Dir schonn ab dem fréisten Zäitpunkt duerch d'Erfarung an d'Detailwësse vun engem EHS-Mataarbechter begleet.

Soumadd gin schon während der Plangungsphas wichteg Detailer gekläert. Theorie a Praxis gi beschtméiglech vereent an duerch konkret Tippen ergänzt. D'Energieberechnunge ginn an der Ufanksphas erstallt, während dem Bauverlaf iwwerpréift a - falls erfuerderlech -  ugepasst. Sou gëtt et um Enn keng béis Iwwerraschungen.

Eis Niddregenergiehaiser iwwertreffen déi gesetzlech Ufuerderungen a bidden en agreabelt Wunnklima bei minimalem Energieverbrauch.