EHS EcoHomeSystems

Opstockungen

Wann Dir schonns en Haus besëtzt an zousätzleche Wunnraum gewanne wëllt, d'Grondstéck allerdéngs keen Ubau erméiglecht, bitt sech d'Opstockung vun Ärem Gebai an Holzrummebauweis förmlech un.

Dat geréngt Gewiicht vun der Konstruktioun erlaabt wiesentlech gréisser Spillraim am Verglach zu der massiver Bauweis.
Well et nimools agreabel ass, op enger Baustell ze wunnen, reduzéieren déi kuerz Bauzäiten dës Iwwergangsphas op en erdreeglecht Mooss.

No enger Analys virun Uert, iwwerpréiwe mir déi statesch Méiglechkeeten an erstellen Iech e gratis Virprojet souwéi eng Präiskalkukatioun. Bei Optraagserdeelung këmmere mir eis ëm déi administrativ Formalitéiten, souwéi de séieren an reiwungslose Oflaf vun den Aarbechten.